Presseauszüge
Wenn Sterben kompliziert wird...
Toleranz?
Freitod im Rampenlicht
Euthanasiegesetz: Dierfe Spideeler Stierfhëllef refuséieren?
Parlamentaresch Fro: Huet ee Patient e Recht op Euthanasie oder an anere Wierder: Därf ee Spidol refuséieren, engem Patient dësen Déngscht unzebidden?
De Gesondheetsminister huet elo op eng parlamentaresch Fro geäntwert, an där et em ee Fall goung, wou sech d'Direktioun vun engem Spidol an d'Praxis vun enger Demande no Stierwhëllef agemëscht hat.
D'Gesetz wier hei net kloer - sou den Mars Di Bartolomeo. D'Relatioun tëscht Dokter a Patient gëtt am Gesetz definéiert - vun de Spideeler geet aawer am Text keng Rieds.
Minister: Euthanasie-Gesetz do, fir respektéiert ze ginn
Euthanasie: Fir de Fall, dass sech confirméiert, dass de Wëlle vum Patient net respektéiert gouf, huet de Gesondheetsminister kee Versteestemech.
Déck 6 Méint ass d'Gesetz a Saachen Euthanasie a Kraaft, mä et gouf awer nach kee Fall vun aktiver Stierf-Hëllef. RTL hat vun engem Fall geschwat, wou eng Persoun op d'Euthanasie wollt zréckgräifen a sech och mam Dokter eens war. D'Direktioun vum Congrégatiouns-Spidol huet allerdéngs refuséiert.
Dee Fall kritt elo ee politescht Nospill.

