Minister: Euthanasie-Gesetz do, fir respektéiert ze ginn

Euthanasie: Fir de Fall, dass sech confirméiert, dass de Wëlle vum Patient net respektéiert gouf, huet de Gesondheetsminister kee Versteestemech.

Déck 6 Méint ass d'Gesetz a Saachen Euthanasie a Kraaft, mä et gouf awer nach kee Fall vun aktiver Stierf-Hëllef. RTL hat vun engem Fall geschwat, wou eng Persoun op d'Euthanasie wollt zréckgräifen a sech och mam Dokter eens war. D'Direktioun vum Congrégatiouns-Spidol huet allerdéngs refuséiert.

Dee Fall kritt elo ee politescht Nospill. De gréngen Deputéierten a Co-Auteur vum Gesetz Jean Huss huet nämlech eng parlamentaresch Fro un de Gesondheetsminister gestallt, hie wëll weider Informatiounen a freet wéi eng Mesure musse geholl ginn, dass Patienten dat kréien, wat se ze gutt hunn.

D'Klinik selwer dementéiert eis Versioun zum Deel a seet, den Avis vum zweeten Dokter wier méi kritesch gewiescht an de Patient hätt seng Demande zréckgezunn.

De Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo wëll der Saach op de Fong goen. Fir de Fall, dass sech confirméiert, dass de Wëlle vum Patient net respektéiert gouf, huet de Minister kee Versteesdemech. De Gesondheetsminister wëll net, dass et nees zwou Zorte Spideeler gëtt.

Gesetzer sinn do fir respektéiert ze ginn, seet de Mars Di Bartolomeo. Ob dat hei de Fall war, wëll hien elo erausfannen.

Euthanasie: Gesetz jo, Patient jo, Dokter jo, Klinik nee!

De 16. Mäerz ass d'Gesetz iwwert d'Euthanasie a Kraaft getrueden, ee politesche Schratt, deen eigentlech kee fir méiglech gehalen hat.

Déck 6 Méint sinn zanterhier vergaangen a bis ewell gouf et kee Fall vun aktiver Stierf-Hëllef. Dat heescht awer net, dass kee Patient gewollt hätt oder keen Dokter domat d'Accord gewiecht wier. D'Sténg goufe vun uewen an de Wee geluecht.

Direktioun: Hei net!

Et geet ëm ee konkrete Fall vun enger Persoun, déi Kriibs am End-Stadium hat. Si wollt euthanasiéiert ginn a war sech och mam Dokter eens. D'Conditiounne waren erfëllt an de Formulaire war ënnerschriwwen.

Et war deemno alles prett, bis op eemol Oppositioun aus der Direktioun vun der Klinik komm ass. "An eisem Haus gëtt keng Euthanasie gemaach." Et handelt sech ëm eng Klinik, wou och nach Schwësteren d'Soen hunn.

Doropshi gouf eng Kompromëssléisung gesicht, den Dokter krut den Accord fir d'Medikament aus der Apdikt ze huelen an d'Euthanasie beim Patient doheem ze maachen. Well Zäit verluer gouf, ass d'Persoun awer schlussendlech an de Koma gefall a kuerz drop gestuerwen.

Kee feu vert vun uewen

RTL sinn och aner Spideeler bekannt, wou Doktere bereet wieren, eng Euthanasie ze maachen, mä kee Feu Vert vun uewe kréien.

Mam Gesetz gouf jo och eng Kontrollkommissioun geschaf, déi d'Euthanasie soll begleeden. Mat der Kontroll vun enger Euthanasie hat si demno nach näischt ze dinn.

D'Kommissioun huet awer an de leschte Méint hire Fonctionnement festgeluecht an et goufe Formulairen ausgeschafft. Deen een, fir konkret eng Euthanasie unzefroen; deen aneren, fir de Fall, dass een säi Wonsch eng Kéier net méi selwer kann äusseren. Dat ass déi sougenannt "Disposition de fin de vie".

Wat maachen, fir sech ofzesécheren?

Et muss een ee Formulaire ausfëllen, bei klorem Verstand, wou ee seet: Ech wëll, dass mengem Liewen een Enn gesat gëtt, wann ech éischtens duerch een Accident oder eng Krankheet onheelbar krank sinn, zweetens vu mer sinn an drëttens déi Situatioun irréversibel ass. Dee Formulaire muss ausgefëllt an ënnerschriwwe ginn a gëtt dann un d'Kommissioun geschéckt an offiziell enregistréiert.

Dee Formulaire fënnt een um Internetsite vum Gesondheetsministère an der Rubrik "fin de vie".

Deemnächst soll och eng Brochure ausgeschafft ginn, wou d'Euthanasie mat hire Prozedure kloer erkläert ginn.

RTL - 08.10.2009