EUTHANASIE-GESETZ - wéi géét et weider?

Antwert op en Leserbréeif vum Freidech, den 9. Oktober : EUTHANASIE-GESETZ - wéi géét et weider ?

Den Korrespondent "Cesha" huet ganz Recht : " d'Méiglechkéét fir säi leschte Wëllen festzeléé'en bestéét, matt den explicatiounen vum Gesetz an engem Formulär déén één online beim Ministère de la Santé op franséisch kann fannen (www.sante.public.lu/fin-de-vie/euthanasie-demande/index.htm) . Korrespondent Cesha proposéiert och eng Käertchen, déi en Beleg wär datt één entspriechend Instruktiounen hannerluecht huet, wann één eventuell ouni Bewosstsinn an eng Klinik géif ageliwwert ginn, da wéissten d'Dokteren direkt, datt dee Patient esou eng Patienteverfügung ausgefëllt huet, an datt sie sech emol iwwert seng Dispositioune sollen informéieren.

D'Association pour le Droit de Mourir dans la Dignité, Letzebuerg (ADMD-L) huet genéé daat ausgeschafft, op Deitsch an op Franséisch,
(Patienteverfügung - an : Dispositions anticipées de fin de vie) déi één ausféierlech soll opsetzen, ënnerschreiwen loossen vun engem oder zwéé Zeien, an dan op den Ministère de la Santé, Commission de Contrôle et d'Evaluation pour l'Euthanasie et le Suicide assisté", L- 2935 Luxembourg schecken. Kopien dovun soll één och un seng famill, sein dokter, an eventuell an sein dossier médical am Spidool gin.

D'ADMD-L (1988 gegrönnt vum Dr Henri Clees, 900 memberen)) huet sech schons 20 Joer lang agesaat fir dest Gesetz an huet Informatiounen zur Verfügung watt d'Gesetz ugéét an watt één kann maachen fir sein Wëllen ze déclaréiren. (D'memberkaart huet dann och eng kuerz Form vun der Patienteverfügung drop an passt (ewéi eng carte de crédit) an den portmonni esou datt één se emmer kann bei sech hunn fir de Fall vun enger urgence. D'cotisatioun fir member ze gin ass pro Joer 12,50€ p.p oder 20 € fir eng Koppel. - Fir weider Informatiounen, wännt Iech un den , oder telefonesch (fax) un den 2659 0482, adresse : 18. avenue Dr Klein, L-5630 Mondorf-les-Bains. Allgemeng Informatiounen um Internet : www.admdl.lu.
(m.putz, secrétariat)

(Cesha)