Euthanasiegesetz: Dierfe Spideeler Stierfhëllef refuséieren?

Parlamentaresch Fro: Huet ee Patient e Recht op Euthanasie oder an anere Wierder: Därf ee Spidol refuséieren, engem Patient dësen Déngscht unzebidden?

De Gesondheetsminister huet elo op eng parlamentaresch Fro geäntwert, an där et em ee Fall goung, wou sech d'Direktioun vun engem Spidol an d'Praxis vun enger Demande no Stierwhëllef agemëscht hat.

D'Gesetz wier hei net kloer - sou den Mars Di Bartolomeo. D'Relatioun tëscht Dokter a Patient gëtt am Gesetz definéiert - vun de Spideeler geet aawer am Text keng Rieds. AUDIO: De Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo »

Zu Lëtzebuerg hätte mer et duerchwegs mat ëffentleche Spideeler ze dinn, an fir déi sollt et der Meenung vum Minister no selbstverständlech sinn, sech un d'Gesetzer ze halen.

Ob elo ee Patient tatsächlech géint ee Spidol kloe kann, wann him eng Euthanasie refuséiert gëtt, dat misst, sou de Mars Di Bartolomeo ee Geriicht klären. Dem Gesetz no ass ee Spidol net explizit verpflicht, deen Service unzebidden.

Am Fall, ëm deen et hei goung, ass et schwéier ze rekonstruéieren, wéi wäit d'Clinique an eng Decisioun vum Dokter agegraff huet. Wann esou Fäll méi dacks géifen optriede, misst eng méi kloer Regelung fond ginn. Et wier jo och an anere Fäll net üblech, dat sech d'Direktioun vun engem Spidol an d'Liberté thérapeutique vun den Dokteren amëscht. Eng Decisioun an engem Spidol, dat betount de Minister nach eng Kéier, wier keng Privatsaach.

Et schengt, wéi wann de Gesetzgeber sou Fäll net virausgesinn huet - an wéi wann hei am Gesetz eng Lück wier.

Source: http://news.rtl.lu/news/national/47291.html